FAQ

Firwaat? 

Fir d’Projet’en vun der ONG Athénée-Action Humanitaire ze ënnerstëtzen!  

Wéini? 

Den 28. Mäerz 2025 tëschent 8h05 an 15h40.  

Wou ? 

Um Parvis, am Schoulhaff an am Préau

Wéi funktionéiert den Charity Run ? 

All Schüler sicht sech zwee oder méi Sponsoren déi hie bei der Course ënnerstëtzen. All Sponsor erkläert sech bereet pro gelaften Toure Minimum vun 3€  ze spenden. D’Sponsoren dierfen awer selbstverständlech méi spenden.  

Wat ass wann ech kee Sponsor hunn ? 

Wann dir kee Sponsor fonnt hutt, laaft dir leider net mat.  

Kann ee just lafen ? 

Jo ! Lafen oder joggen.

Muss ech meng Sportssachen matbréngen ? 

Jo ! All Schüler muss seng Sportssachen dobäi hunn an se dem Wieder upassen.  

Wéi schreiwen ech mech an ? 

Iwwert den Internet Site charityrun.lu tëschent dem 7. an dem 27. März 2025.  

Opgepasst 

Fir dass dir iech kënnt aschreiwen, ass et wichteg, dass dir déi genee Nimm an Adressen (och Postleitzuelen an Email-Adressen!) vun ären Sponsoren huet! 

FLOTT PRÄISSER ZE GEWANNEN!