FAQ

Firwaat? 

Fir d’Projet’en vun der ONG Athénée-Action Humanitaire ze ënnerstëtzen!  

Wéini? 

Den 22. Mäerz 2024 tëschent 8h05 an 15h40.  

Wou ? 

An der Sportshal.  

Wéi funktionéiert den Charity Run ? 

All Schüler sicht sech een oder méi Sponsoren déi hie bei der Course ënnerstëtzen. All Sponsor erkläert sech bereet pro 5 gelafen Minutten e gewëssen Betrag ze spenden. Et ass e Minimum vun 1€ pro 5 Minutten virgesinn.  D’Sponsoren dierfen awer selbstverständlech méi spenden. Opgepasst ! All Schüler muss op mannst 25 Minutten lafen,  d.h. e Sponsor engagéiert sech op mannst 5€ ze investéieren. All Klass ass wärend enger Schoulstonn um Terrain.  

Wat ass wann ech kee Sponsor hunn ? 

All d’Schüler huelen um Charity Run deel !  Och wann dir kee Sponsor fonnt hutt, laaft dir mat.  

Kann ee just lafen ? 

Nee ! Wéi all Joer, hutt dir och d’Méiglechkeet, Spinning oder Step ze maachen.  

Muss ech meng Sportssachen matbréngen ? 

Jo ! All Schüler muss seng Sportssachen dobäi hunn an se dem Wieder upassen.  

Wéi schreiwen ech mech an ? 

Iwwert den Internet Site charityrun.lu tëschent dem 21. an dem 31. März 2022.  

Opgepasst !  

Fir dass dir iech kënnt aschreiwen, ass et wichteg, dass dir déi genee Nimm an Adressen (och Postleitzuelen!) vun ären Sponsoren huet!